Wëllkomm bei der
Biekerecher Musik

 

 

D'Geschicht vun der Biekericher Musik:

D‘Fanfare Concordia Biekerich gouf am Joër 1924 vun 29 musibegeeschterten Männer gegrënnt a vum Här Mathias Jacoby als éischte Präsident gefouert.

Den éischten Dirigent war den Här Pierre Mertzig vu Colmarbierg.

D’Musiksprouwen waren am deemolige Café Eischen bis zum Joër 1930, wou d‘ Musikanten gréisstendeels mat eegener Arbicht de Musiksall opgebaut hun op engem Terrain, dien hinnen vun der Gemeng zur Verfügung gestallt gin ass.

Vun Ufank un hun d‘ Musikanten mat vill Idealismus dru geschafft fir d‘ kulturellt Liewen am Duerf ze verschéineren, bei weltlichen a kiirchliche Fester oder mat flottem Theaterspill.

1947 gouf eis Fanfare mat 41 Musikanten an d‘ Union Grand- Duc Adolphe opgeholl.

Duerch all di Joëren huet de Veräin vill Héichten an Déiften erliewt mat 13 Präsidenten an 19 Dirigenten.

No enger Déift aus Mangel un Nowues an de läschte Joëren, sti mir haut erëm gudd do mat enger Jugend déi sech weise léist an op déi mir stolz sin.

Ënnert eisem Dirigent Marcel Hinger hu mir 43 aktiv Memberen op der Lëscht, dovun 17 Jugendlicher, déi mat vollem Eifer derbei sin, an nach 7 Jonker an der Musikschoul, déi och geschwënn derbei wärte sin.

Esou kënne mir mat engem gudde Gefill an d‘ Zukunft kucken.

Präsident : Jean-Paul Schneider